Dem Marc Baum seng Interventioun an der Pensiounsdebatt.

De 19. Mäerz 2025 huet an der Chamber eng grouss Consultationsdebatt iwwer d’Pensiounen stattfonnt. Hei kënnt der dem lénken Deputéierte Marc Baum seng Ried ganz kucken a lauschteren.

De Marc Baum huet fir déi Lénk d’Virzich vum ëffentleche-solidarësche Rentesystem verdeedegt. De Projet vum Luc Frieden fir den ëffentleche System auszehielegen andeem privat Renteversécherungen solle privilégéiert ginn an op dem Wee Versécherungsgesellschaften, Banken a Fongen massiv Geldzommen zoukommen ze lossen, ass fir eis zum Scheitere veruerteelt.

–> D’Ried als PDF

déi Lénk wëllen den ëffentleche System bäibehalen, wëll en huet nëmme Virzich. Eng Renteversécherung ass ëmmer eng Wett op d’Zukunft. Et gëtt ëmmer e minimale Risiko. Bei eisem ëffentleche System ass dee Risiko awer kleng an dëse Risiko ass kollektiv gedroen. Bei Privatversécherungen ass de Risiko vill méi héich a jiddereen steet eleng virun dësem Risiko.

Mir hu konkret a genee chiffréiert Virschléi ausgeschafft fir den ëffentlechen System iwwer déi nächst 10-20 Joer ofzesécheren.

  1. de Cotisatiounsdeckel (5 mol de soziale Mindestloun) ofschafen, fir datt déi héchst Léin hiren Deel bäidroen;
  2. op all Elementer vun der Aarbecht cotiséieren (d‘Mesuren a) a b) bréngen zousätzlech Recette vu ronn 800 Milliounen Euro)
  3. d’Ausgabe vun der Pensiounskeess reduzéieren, déi keen direkten Zesummenhang mam Ausbezuele vun de Pensiounen hunn. Hei kënne ronn 220 Milliounen Euro agespuert ginn;
  4. déi schiedlech Mechanisme vun der Di Bartolomeo-Reform vun 2012 ofschafen: d‘Erhale vun „Allocation de fin d’année“ an d’Bäibehale vun der Upassung vun de Pensiounen un d‘Gehälter.
  5. de Montant vun der Mindestpensioun op den Niveau vum soziale Mindestloun setzen.
  6. mëttelfristeg (ongeféier 2040): d‘Erhéijung vun der Cotisatiouns vun 3×8 op 3×9%.

Eis Aktiounen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe