Eise 5 Punkteplang.
An der Debatt iwwert de Pensiounssystem gesäit een elo schonn dass d’CSV-DP Regierung, gedréckt vum Patronat, op sozialen Ofbau histeiert. Géint dësen ideologeschen Ugrëff, proposéieren déi Lénk ee Fënnefpunkteprogramm, deen de System net nëmmen erhält, mee och stäerkt:

Cotisatiounsdeckel ofschafen.
Aktuell bezuele Leit mat ganz héijem Salaire just op engem Deel vun hirer Pai eng Cotisatioun, well d’Cotisatiounen op 5 mol de Mindestloun gedeckelt sinn. Mir wëllen de Cotisatiounsdeckel ofschafen ouni d’Prestatiounen a gläichem Mooss eropzesetzen.

Op all Elementer vun der Aarbecht cotiséieren.
Op verschiddenen Elementer vun der Aarbecht gëtt aktuell net cotiséiert, wéi zum Beispill Iwwerstonnen oder op professionnellem Akommes vu Leit iwwer 65 Joer. Mir sinn der Meenung dass op all den Elementer vun der Aarbecht soll cotiséiert ginn. D’Mesuren 1 an 2 bréngen 814 Milliounen Euro an d’Pensiounskeess.

Fraisen a Salairë vun der Pensiounskeess auslageren.
Aktuell ginn administrativ Fraisen a Salairë vun der Pensiounskeess, déi net direkt mam Ausbezuele vun de Pensiounen ze dinn hunn, vun eise Cotisatioune bezuelt. Mir wëllen, dass déi Käschten ausgelagert ginn, sou dass ronn 220 Milliounen Euro un Ausgabe kënnen agespuert ginn.

Reform vun 2012 réckgängeg maachen.
D’ Reform vun 2012 huet automatesch Verschlechterunge vum Pensiounssystem mat sech bruecht. Mir wëllen déi Reform dofir deelweis réckgängeg maachen.

Mindestpensioun op Niveau vum Mindestloun setze.
D’Altersaarmut hëlt rasant bäi, och well d’Mindestpensioun ënnert der Aarmutsgrenz läit. Mir fuerderen eng Erhéijung vun der Mindestpensioun op den Niveau vum Mindestloun.