{"id":262,"date":"2025-06-13T09:17:40","date_gmt":"2025-06-13T09:17:40","guid":{"rendered":"https:\/\/pensiounen.lu\/?p=262"},"modified":"2025-06-13T10:22:33","modified_gmt":"2025-06-13T10:22:33","slug":"eis-pensiounen-einfach-erklaert","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/eis-pensiounen-einfach-erklaert\/","title":{"rendered":"Eis Pensiounen erkl\u00e4ert &#8211; La retraite expliqu\u00e9e."},"content":{"rendered":"\n<p class=\"has-vivid-cyan-blue-color has-text-color has-link-color wp-elements-d44099cd5cfa34a255e411801a636a27\"><strong><a href=\"https:\/\/pensiounen.lu\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/FAQ_Pensions_1_FR.pdf\">La retraite expliqu\u00e9e (en fran\u00e7ais)<\/a><\/strong><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-vivid-green-cyan-color has-text-color has-link-color wp-elements-38c98c3bde20b5c3c3283fb924eccefe\"><strong><a href=\"https:\/\/pensiounen.lu\/wp-content\/uploads\/2025\/06\/FAQ_Pensions_1_ENG.pdf\">Our pensions explained (in english)<\/a><\/strong><\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\">1. Firwat krit een eng Pensioun?<\/h4>\n\n\n\n<p>Du hues dech best\u00ebmmt mol gefrot wou de Bop seng Suen hirkritt? Best\u00ebmmt net duerch d\u2019Champignonen d\u00e9i hien ab September \u00e4ifreg an de B\u00ebsch rafe geet, an och net duerch dat gutt Gebeess vun denger Bom, dat am ganz Duerf bekannt ass. Nee, d\u00e4i Bop \u2013 a vl\u00e4icht och deng Bom, mee dat ass manner warscheinlech \u2013 kritt d\u2019Penisoun well hie fr\u00e9ier geschafft huet. D\u00e9i meescht vun eis musse schaffe goen fir u Geld ze kommen. Dat Geld a Form vun engem Aarbechtsloun, g\u00ebtt awer just esou laang bezuelt w\u00e9i een och schaffe geet. Wann een am Alter net m\u00e9i schaffe geet, da krit een och keng Pai m\u00e9i. A wann et da keng anst\u00e4nneg Pensioun g\u00e9if ginn, g\u00e9ifen d\u00e9i meeschte Leit am Alter mat eidelen H\u00e4nn do stoen.\u00a0<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\">2. <strong>W\u00e9i funktionn\u00e9iert eise Pensiounssystem?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>Zu L\u00ebtzebuerg bezuelen de Staat, d\u2018Patronnen an all d\u00e9i Lounofh\u00e4ngeg jeweils 8% vum Bruttosalaire an eng Pensiounskeess an. Wann\u2019s du 4000\u20ac de Mount verd\u00e9ngs, da bezils du 320\u20ac an d\u2019Rentekees an, d\u00e4i Patron och, grad w\u00e9i de Staat. Ingesamt also 960\u20ac. Aus d\u00ebser Pensiounskeess kr\u00e9ien d\u2018Leit all Mount eng Pensioun ausbezuelt wa se bis am Alter sinn fir net m\u00e9i ze schaffen. Et sinn also d\u00e9i Leit d\u00e9i haut schaffen, d\u00e9i d\u2019Pensioune bezuele vun deene Leit, d\u00e9i schonn hir 40+ Joer geschafft hunn. Wat mer hei beschreiwen, g\u00ebtt allgemeng \u201er\u00e9gime g\u00e9n\u00e9ral\u201c genannt, donieft g\u00ebtt et nach de \u201er\u00e9gime sp\u00e9cial\u201c an deem d\u2019Beamten dra sinn. De r\u00e9gime g\u00e9n\u00e9ral ass obligatoresch fir all lounofh\u00e4ngeg a fr\u00e4i schaffend Persoun.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\">3. <strong>W\u00e9ini kann ech an d&rsquo;Pensioun goen?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>Dozou ginn et e puer \u00c4ntwerten. Wann s du bis d\u00e4i 60. Liewensjoer 40 Joer geschafft hues an dovunner op mannst 10 Joer abezuelt hues, dierfs du an d\u2019Pensioun. Wann s du bis d\u00e4i 57. Liewensjoer 40 Joer um Bockel hues w\u00e4rend deenen s du och cotis\u00e9iert hues, dierfs du scho mat 57 Joer an d\u2019Pensioun, mee dat heescht dann \u201epr\u00e9retraite-solidarit\u00e9\u201c. Ab dengem 65. Joer, kriss du egal w\u00e9i eng Pensioun, awer n\u00ebmme wann\u2018s du 10 Joer cotis\u00e9iert hues.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\">4. <strong>W\u00e9ivill kr\u00e9ien ech dann eraus an der Pensioun?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>Dat h\u00e4ngt vu ville verschiddenen Informatiounen of: wei laang hues du geschafft, w\u00e9i vill hues du verd\u00e9ngt a sou virun an esou weider. Et h\u00e4nkt awer och dovunner of w\u00e9ini s du a Pensioun geess. D\u2019Rente sinn n\u00e4mlech schonn eng K\u00e9ier verschlechtert ginn (2012 vun der CSV-LSAP Regierung), wouduerch de Pensiounsniveau no an no erofgeet fir Leit d\u00e9i haut schaffen, besonnesch fir d\u00e9i, d\u00e9i an der \u00e9ischter Hallschent vun hirem Aarbechtsliewe stinn. Weivills du eraus kriss, ass also och eng politesch Fro. Et ass n\u00e4ischt a Steen gemeesselt an et ass wichteg politesch matzeschw\u00e4tzen.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\"><strong>5. Sinn eis Pensioune s\u00e9cher?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>D\u2019Pensiounen aus eisem \u00ebffentleche System si ganz s\u00e9cher. Si berouen op der Aarbecht vun de Leit, d\u00e9i haut schaffe ginn a mat hire L\u00e9in Cotisatioune bezuelen. Des Cotisatioune an d\u2019Rentekees bas\u00e9ieren op enger ekonomescher Aktivit\u00e9it, op Leit d\u00e9i schaffen a Sue verd\u00e9ngen, d\u00e9i mir all Dag gesinn an d\u00e9i ganz konkret sinn. Soulang mir un d\u00ebser intergenerationneller Solidarit\u00e9it festhalen, sinn eis Renten \u00ebmmer s\u00e9cher. Wat awer net heescht, dass een net heiadnsdo un der enger oder anerer Schrauf dr\u00e9ie muss. Ons\u00e9cher ginn d\u2019Renten dann, wann d\u2019Leit gedoen ginn fir sech selwer privat Rentevers\u00e9cherungen ofzeschl\u00e9issen. Sou privat Vertr\u00e4g sinn eng Lotterie, w\u00ebll se op internationale Finanzm\u00e4ert bas\u00e9ieren. D\u2019Vergaangenheet huet eis gewisen, w\u00e9i onverl\u00e4sslech d\u00e9i sinn an dass do \u00ebmmer just d\u00e9i Allerr\u00e4ichst profit\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\">6. <strong>Wann de r\u00e9gime g\u00e9n\u00e9ral obligatoresch ass, firwat kann ech mech dann och privat vers\u00e9cheren\u00a0?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>D\u2019Privatvers\u00e9cherung ass fir Leit, d\u00e9i sech et erlabe k\u00ebnnen m\u00e9i de Mount ze bezuelen fir am Alter e b\u00ebssen eppes m\u00e9i am Mount erauszekr\u00e9ien oder sech eng K\u00e9ier dat Ganzt ausbezuele loossen. Dat sinn Investitiounen d\u00e9i Banken oder Vers\u00e9cherunge propos\u00e9ieren. D\u00e9i Suen d\u00e9i een ofg\u00ebtt ginn invest\u00e9iert an et kritt een ee gew\u00ebsse Rendement garant\u00e9iert. Dee Rendement ass awer immens d\u00e9if. Bon, a falls d\u2019Bourse an de ganze Finanzbataklang d\u2019Baach erofginn, da sinn d\u2019Suen ganz duerch d\u2019P\u00e4if. Beim \u00ebffentleche Rentesystem g\u00ebtt et d\u00e9i Gefor net.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\">7. <strong>Wat sinn d\u00e9i dr\u00e4i Pilieren d\u00e9i an der Diskussioun do \u00ebmmer r\u00ebmkommen?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>Dat Ganzt huet natierlech n\u00e4ischt mat Architektur ze dinn. Mee et sinn d\u00e9i dr\u00e4i verschidde Systemer d\u00e9i et ginn fir sech ze vers\u00e9cheren.<\/p>\n\n\n\n<p>Den \u00e9ischte Pilier ass deen \u00ebffentlechen an obligatoresche Pensiounssystem. Deen zweeten (dee g\u00ebtt et zu L\u00ebtzebuerg kaum), dat si Pensiounssystemer, d\u00e9i d\u2019Entreprisen hire Salari\u00e9en ubidden. Deen dr\u00ebtten, dat sinn d\u00e9i privat Vers\u00e9cherungen, d\u00e9i mer virdrun ugeschwat hunn.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Vun deenen dr\u00e4i Pilieren, ass deen \u00e9ischten, also den \u00ebffentleche Pensiounssystem, bei w\u00e4item dee gr\u00e9issten. D\u00e9i aner zwee si Randerscheinungen.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\">8. <strong>Ass eise Pensiounssystem gerecht?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>Et ass narierlech schwiereg einfach Jo oder Nee op d\u00ebs Fro z\u2019\u00e4ntwerten. Mee et ginn an eisen Aen op jiddefall dr\u00e4i gr\u00e9isser Ongerechtegkeeten. Eischtens ass d\u00e9i sougenannte Mindestpensioun vill ze niddreg, si l\u00e4it d\u00e4itlech \u00ebnnert der Aarmutsgrenz. Wann een elo bedenkt datt zu L\u00ebtzebuerg d\u2019Altersaarmut an deene leschte Jore geklommen ass, dann ass dat ee seri\u00f6e Problem. Zweetens, sinn d\u2019Cotisatioune ged\u00e9ckelt op 5 mol de Mindestloun. Verd\u00e9ngt ee Lounofh\u00e4ngegen also m\u00e9i w\u00e9i 5 mol de Mindestloun, dann muss d\u00ebs Persoun n\u00e4ischt abezuelen op deen Deel vu senger Pai deen iwwert dem 5-fache Mindestloun l\u00e4it. D\u00e9i mat de d\u00e9ckste L\u00e9in cotis\u00e9ieren also am Verh\u00e4ltnis manner w\u00e9i Leit mat normale Paien. Dr\u00ebttens, huet L\u00ebtzebuerg mat 36 % deen dr\u00ebtth\u00e9chstens Gender Pensiounsgap. Dat heescht datt an der Moyenne d\u2019M\u00e4nner 36% m\u00e9i h\u00e9ich Pensiounen ausbezuelt kr\u00e9ie w\u00e9i d\u2019Fraen. Dat l\u00e4it e.a. dorunner, dass Fraen oft keng voll Carri\u00e8ren a m\u00e9i oft \u00cbnnerbriechungen am Beruffsliewen hunn.<br>Et g\u00ebtt awer just eng L\u00e9isung fir d\u00e9i Problemer: den \u00ebffentleche Pensiounssystem muss gest\u00e4erkt an ausgebaut ginn.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\"><strong>9. Wat ass eigentlech d\u2019Rentereserve a wou k\u00ebnnt se hir?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<p>An der Vergaangenheet goufe m\u00e9i Cotisatiounen an d\u2019Penisounskeess abezuelt, w\u00e9i Pensiounen ausbezuelt.&nbsp;Deen Iwwerschoss ass an de Rentefong \u2013 genannt Fonds de compensation \u2013 geschott ginn, fir dass e kann invest\u00e9iert ginn. Well bis haut all Joer m\u00e9i Cotisatiounen w\u00e9i Ausgaben fir d\u2019Pensiounen ufalen, kl\u00ebmmt d\u2019Reserve och. 2023 louch d\u2019Reserve bei ongef\u00e9ier 26 Milliarden Euro. Dat geet duer, fir iwwer 4 Joer d\u2019Renten weider auszebezuelen, ouni dass een Euro m\u00e9i an d\u2019Rentekees b\u00e4ik\u00ebnnt.<\/p>\n\n\n\n<h4 class=\"wp-block-heading\"><strong>10. Brauche mer dann elo eng Reform\u00a0?<\/strong><\/h4>\n\n\n\n<ol class=\"wp-block-list\"><\/ol>\n\n\n\n<p>Eisen \u00ebffentleche Pensiounssystem ass gesond a stabil. Et dierf dow\u00e9inst och elo keng d\u00e9ifgr\u00e4ifend Reform iwwer de Kn\u00e9i gebrach ginn, wou er\u00ebm nei Verschlechterunge bei de Pensiounen derb\u00e4i erauskommen. Mir brauchen awer eng Reform fir d\u00e9i schl\u00e4ichend Verschlechterungen duerch d\u2019Reform vun 2012 r\u00e9ckg\u00e4ngeg ze maachen, w\u00ebll maache mir dat net, da verl\u00e9ieren d\u2019Pensioune vu Joer zu Joer u W\u00e4ert an \u00ebmmer m\u00e9i Leit d\u00e9i haut schaffen, w\u00e4erten am Alter an d\u2019Aarmut r\u00ebtschen. Mir bei d\u00e9i L\u00e9nk hunn ee F\u00ebnnefpunkteprgramm ausgeschafft, deen d\u2019Zil huet de System net n\u00ebmmen z\u2019erhalen, mee och nach ze st\u00e4erken an zwar duerch d\u2019Eropsetze vun de Recetten. Natierlech soen och mir datt ee verschidden onn\u00e9ideg Depense muss lass ginn, mee dofir mussen d\u2019Pensiounen net geschw\u00e4cht ginn.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>La retraite expliqu\u00e9e (en fran\u00e7ais) Our pensions explained (in english) 1. Firwat krit een eng Pensioun? Du hues dech best\u00ebmmt mol gefrot wou de Bop seng Suen hirkritt? Best\u00ebmmt net duerch d\u2019Champignonen d\u00e9i hien &#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":""},"categories":[],"tags":[],"class_list":["post-262","post","type-post","status-publish","format-standard","hentry"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/262","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=262"}],"version-history":[{"count":7,"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/262\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":280,"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/262\/revisions\/280"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=262"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=262"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/pensiounen.lu\/fr\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=262"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}