De 19. Mäerz 2025 huet an der Chamber eng grouss Consultationsdebatt iwwer d’Pensiounen stattfonnt. Hei kënnt der dem lénken Deputéierte Marc Baum seng Ried ganz kucken a lauschteren.
De Marc Baum huet fir déi Lénk d’Virzich vum ëffentleche-solidarësche Rentesystem verdeedegt. De Projet vum Luc Frieden fir den ëffentleche System auszehielegen andeem privat Renteversécherungen solle privilégéiert ginn an op dem Wee Versécherungsgesellschaften, Banken a Fongen massiv Geldzommen zoukommen ze lossen, ass fir eis zum Scheitere veruerteelt.
–> D’Ried als PDF
déi Lénk wëllen den ëffentleche System bäibehalen, wëll en huet nëmme Virzich. Eng Renteversécherung ass ëmmer eng Wett op d’Zukunft. Et gëtt ëmmer e minimale Risiko. Bei eisem ëffentleche System ass dee Risiko awer kleng an dëse Risiko ass kollektiv gedroen. Bei Privatversécherungen ass de Risiko vill méi héich a jiddereen steet eleng virun dësem Risiko.
Mir hu konkret a genee chiffréiert Virschléi ausgeschafft fir den ëffentlechen System iwwer déi nächst 10-20 Joer ofzesécheren.
- de Cotisatiounsdeckel (5 mol de soziale Mindestloun) ofschafen, fir datt déi héchst Léin hiren Deel bäidroen;
- op all Elementer vun der Aarbecht cotiséieren (d‘Mesuren a) a b) bréngen zousätzlech Recette vu ronn 800 Milliounen Euro)
- d’Ausgabe vun der Pensiounskeess reduzéieren, déi keen direkten Zesummenhang mam Ausbezuele vun de Pensiounen hunn. Hei kënne ronn 220 Milliounen Euro agespuert ginn;
- déi schiedlech Mechanisme vun der Di Bartolomeo-Reform vun 2012 ofschafen: d‘Erhale vun „Allocation de fin d’année“ an d’Bäibehale vun der Upassung vun de Pensiounen un d‘Gehälter.
- de Montant vun der Mindestpensioun op den Niveau vum soziale Mindestloun setzen.
- mëttelfristeg (ongeféier 2040): d‘Erhéijung vun der Cotisatiouns vun 3×8 op 3×9%.